speleo.lu Home
user login
  News | Activities | Reports | Club | Caves | Photo Gallery | Shop & VISO | Download | Links | Contact

List of Reports

Posted by Fred Grandjean on 19/05/08
Camp an den Causses CAVING
Vum 10 bis de 17 Mee 2008 haten mer ee Camp an de Causses. Mir haten e ganz flotte Gite gelount zu Liaucous. Mir waren zu 9 Leit, also eng gudd Equipe fir de highlight vum Camp: den Aven du Puech Nègre!
Text by Antoine Lejeune
Photo by Antoine Lejeune
Puech Nègre
Gallery >>
Fir eis e bëssen an der Stëmmung vum Camp zu brengen, hu mir fir d’eischt den Aven du Valat Nègre gemaach, mat e Riese Sall op –100 voll grouss Pilieren. Den Dag drop waren mer an de Puech Nègre. Mir haten 5 schwéier Kitten + Kit Bouffe fir bis op de Fonds. Dee hu mer leider net gepakt. Op –287 sinn mir an der Galerie de la Rivière ukomm wou mir eise klenge Picknick geholl hun. Duerno weider an schlëssendlech si mir zu 3 Speleoen awer dach bis de Salle des Carrefours komm. An dee Beräich kann ee sech ganz seier verlaafen! Mir si dann zereck gaangen wou die Anner an hirer Rettungsdecken op eis gewaard hun. D' Galerie des Sirènes war dat schweierst op de Wee zereck. De leschten dee baussen war ass vun der Sonn begreisst ginn. Deen Dag war dann jour de repos.

Mëttwoch ware mer an den Aven de Baume Rousse bis op de Fonds –166. Schéi weiss Concretiounen beim P9 wou ee muss sichen fir d’suite.

Wien am Doubs an der Baume Sainte Anne war, an do gestaunt huet, konnt seng Aen net gliewen an der Abime du Mas Raynal.

Deen ass nämlech vill mei impressionant! Ee minus 130 dee mir op zwou Säiten equipeiert hunn. Ënnen sinn d’Reschter vun engem Staudamm.

Freides ass dann een Deel d’Seeler am Tarn wäsche gaangen. Die Anner hunn eng Traversée gemaach vu Bramabiau. Dat ass eng touristesch Grott wou Speleoen däerfen goen wann kee Heichsaison ass. Et muss ee sech just beim Accueil umellen. Mat Topo an Kompass hu mir dann d’Entrée am Niewel gesiicht an se och fonnt. Fir d’Traversée ass eng Néoprène e plus, mä et kann ee sech och mat oppo duerchkämpfen.

Samschdes si mir dann fréi opgestaan fir alles an d’Rei ze man an duerno a richtung Lëtzebuerg fortgefuer.

Print versionPrint version


Search

 
  © 2001-2024 by G.S.L. & J. Konen. All rights reserved. search · newsletter · disclaimer